Home » Interview, News

Interview mam Ken Diederich

21 October 2010 3,231 views No Comment

No laanger Zäit beim AB Contern, hues du beim Basket Esch ënnerschriwwen fir nach eng kéier eng nei Erausfuerderung ze sichen. Virwat grad Basket Esch? Wat waren déi entscheedend Grënn fir dein Wiessel?

Et war eng schwéier Entscheedung, mä wou ech gesinn hunn, dass en gudden Koup vun mengen Matspiller, an gutt Kollegen décidéiert hunn, den Veräin ze wiesselen, respektiv opzehalen, wollt ech dem Club och Méiglechkeet ginn, ganz nei unzefänken. Gläichzäiteg wollt ech awer och fir mech en neien Challenge sichen.
Op Esch sinn ech gewiesselt, well d’Hal éischtens nëmmen fënnef Minutten vun menger Hausdier ewech ass, an zweetens, well en ganz gudden Kolleg vun mir do spillt (John Reimold). Natierlech huet zu menger Entscheedung och bäigedroen, dass Esch en richteg gutt gefouerten Veräin ass, mat deem ech Méiglechkeet gesinn am Top4 dobäi ze sinn.

Du hues en neien Club, en neit Ëmfeld an nei Matspiller. Wei gefält et der zu Esch, wei bass de vun der Equipe empfaangen ginn an wei hues du dech selwer beim Basket Esch agelieft?

Ech hunn mech zu Esch gutt agelieft. Vu que dass een an lëtzebuerger Basketkreesen souwisou all Mënsch kennt, war d’Integratioun an Equipe iwwerhaapt keen Problem. Ech sinn richteg gutt opgeholl ginn an menger neier Equipe.

Duerch Verpflichtung vum Martin Rajniak an vun dir, ass Esch vun engem op den aneren Dag, vum Opsteiger zum Favorit op den Championstitel ginn. Wei gesäis du perséinlech déi Saach, wat traus de denger neier Equipe an dësem Joer zou? An wei grouss ass den Drock, fir déi héich Erwaardungen och ze erfëllen?

Mir sinn op keen Fall Favorit, och wann dat Saach fir aner Veräiner méi einfach mëscht, ass dat Quatsch. Mir hunn eng Equipe mat e puer erfuerenen Spiller, mä den Rescht huet nach ni an der DL gespillt, och den John an den Stefan Svitek net. An der DL gëtt ganz einfach en aneren Rhythmus gespillt ewéi an der der Nationale 2. Drock ass keen do, dass nach ëmmer nëmmen Lëtzebuerg, an et soll jo awer Spaass man, déi ganz Geschicht!

Di éischt Matcher vun der Saison sinn gespillt, an Esch huet dräi vun véier Matcher kennen fir sech entscheeden. Wei bass du perséinlech mam bisheregen Saisonverlaaf zefridden?

Ewéi gesot, 3 vun 4 Matcher sinn gewonnen, dat ass an der Rei, mä wann een éierlech ass, fehlt nach e gutt Stéck bis mer uewen kennen matspillen. Mir hunn jo lo eréischt Oktober an d’Saison ass nach laang. Mee ech denken, dass mir eis nach vill steigeren kennen an aktuell just bei 50% vun eisen Méiglechkeeten ukomm sinn. Fir mech perséinlech zielt just op mer gewonnen oder verluer hunn, op ech perséinlech an deem Kontext eng grouss oder kleng Roll gespillt hunn, interesséiert mech net.

Och wann der drei vun veier Matcher gewonn hutt, gëtt een Gefill net lass, wei wann Equipe nach net ganz agespillt wier. Wei laang denks de dauert et, bis Esch säin beschten Basket wäert weisen?

Ech denken dass mer no den Chrëschtdeeg wëssen, wat mat dëser Equipe dran ass. Am Moment gesinn ech eis am Top6, méi awer nach net. Elo leit et un eis, den Niveau vun eisem Basket ze steigeren. D’Kollektiv, d’Rotatioun an d’ Intensitéit sinn nach net gutt genuch. Ech sinn mer awer ganz sécher, dass dat mat der Zäit besser wäert goen.

Virun zwou Wochen hues de fir éischte Kéier rëm zu Contern gespillt géint däin alen Veräin. Wat hues de empfonnt, wous de géint “deng” Equipe ugetrueden bass?

Et war en komeschen Match, an op keen Fall en flotten Match. Komesch war et virun allem an der verkéierter Vestiaire ze duschen an op der falscher Bänk ze setzen. Mee meng 15 Spillzéiten zu Contern waren eng super Erfahrung, virun allem déi drai Championstitelen an de Coupegewenn bleiwen do natierlech an gudder Erënnerung. Ech hunn awer och weiderhin nach eng gesond an gutt Bezéiung zum AB Contern.

Du hues dës Woch däin 33. Gebuertsdag gefeiert, een Alter bei deem déi éischt Sportler drun denken, Schung un den Nol ze hänken. Wei gesäit et bei dir aus? Wei laang wäert een den Ken Diederich nach als aktiven Basketballspiller gesinn?

Jo mat 33 sinn ech bal deen eelsten Spiller an der DL, an awer fillen ech mech nach fit. Trotzdem kann et sinn dass ech no dëser Saison ophalen, spéitstens awer dat Joer duerno. Ech well net dass Leit an puer Joer soen: Oh nee, spillt deen alen Diederich nach ëmmer:-)!

Wei gesäit deng Zukunft nom Basket aus? Keins de der virstellen, an en puer Joer Coach vun enger Härenequipe ze sinn?

Also coachen ass eng Saach déi ech mat Sécherheet wäert probéieren, schliisslech hunn ech do schon eng gutt Experienz mat den Meedercher zu Contern gemat. Dat war eng grouss Erausfuerderung an awer eng super Zäit! Och mäin Papp huet laang gecoacht, an et huet mech ëmmer faszinéiert ewéi een e Basketmatch kann beaflossen als Trainer vun enger Equipe. Kucken mer emol…

Du haass joerelaang mat schwéieren Verletzungen (zB: Knéi) ze kämpfen. Momentan schéngt et awer wei wann all déi Problemer passé wieren. Wei fills du dech kierperlech? Wat soen d’Knéien?

Ech gesinn dat anescht. Ech spillen elo meng 18. Saison an hunn nëmmen an der Saison 2007/2008 eng schwéier Verletzung gehat (Knorpelschued an Meniskus futti). Dat Joer hunn ech an der ganzer Spillzéit just véier Matcher kennen spillen. Dorun erënneren sech natierlech d’Leit, mä dat ass awer en relativ gudden Bilan wann een bal 20 Joer dobäi ass, fannen ech. Ech hunn elo 2 Joer laang keen Match méi verpasst an spieren mech gutt. Hoffen dat geet esou weider:-)

Meng Knéien sinn net super, mä no all deenen Joeren awer nach ganz ok fir en alen Mann:-)

Merci Ken

Leave your response!

You must be logged in to post a comment.