Home » Blog, NadiaMossong, Our guys abroad

Nadia’s Bundesliga Blog 13.03.12

14 March 2012 1,061 views No Comment


Et ass lo schonn e puer Méint hier dass ech fir d’läscht “gebloggt” hunn, a vu dass et sou lues zum Enn vun der Saison zougeet ass et wuel héich Zäit dass ech meng Schreifblockad iwwerwannen a mol e klengen Update maachen.

Dofir fir d’éischt mol e klengen Iwwerbléck iwwert déi momentan Situatioun hei zu Osnabrück. D’Ziel dat mer virun der Saison ugepeilt hunn war als Opsteiger fir an der 1. Bundesliga ze bleiwen. E puer Matcher virun Enn vun der regulärer Saison hu mer dat och gepackt. Virum leschte Spilldag besteet awer ëmmer nach d’Méiglechkeet fir ënnert déi éischt 8 ze kommen an sech soumat fir d’Playoffs ze qualifizéieren. Mat engem gewonnene Match e Samschden doheem géingt Marburg wieren d’Playoffs secher. Mat engem verluerene Match haengt alles dervun of wei eis direkt Konkurrenten Oberhausen an Donau-Ries spillen. Wa mer et net an d’Playoffs packe sollte wier d’Saison domat gelaf. D’Ziel dat mer virun der Saison virgi krute wier zwar erreecht, mee d’Equipe awer trotzdem ënnert hire Méiglechkeete bliwwen…

Nierwend dem Championnat gëtt et awer natierlech och nach d’Coupe, bei där mer eis mat gewonnene Matcher géingt Bielefeld, Wolfenbüttel, a Bamberg fir den Top-4 qualifizéiert hunn. De Weekend vum 24./25. Mäerz gëtt dësen Event zu Wasserburg ausgedroen. Samschdes spille mer do géingt Oberhausen an da Sonndes jee nodeems ob mer gewannen oder verléieren an der Finale, oder am Match ëm déi 3. Plaatz entweder géingt Wasserburg oder d’Rhein-Main Baskets. D’Coupe huet jo bekanntlech hier eege Gesetzer an sou wäert et wahrscheinlech vun der Dagesform ofhänge ween de Pokal mat Heem huelen däerf.

Leider hu mer a leschter Zäit zimlech vill Verletzungspech gehaat, sou da mer momentan all Match just zu 8 spillen. Mat eisem Starting Point-Guard huet sech eng ganz wichteg Spillerin verletzt a wäert wuel fir nach mindestens 2 Wochen ausfalen. Wei gutt dass mer dee Verloscht kompenséiert kréie wäert sech wuel an deenen nächste Matcher weise wann et drop ukënnt.
D’Haaptziel fir an der 1. Bundesliga ze bleiwen ass weigesoot gepackt, mee villäicht ass nach méi dran. Wa mer déi nächst puer Matcher gewanne kann et nach eng ganz erfollegräich Saison fir eis ginn!

Weider Informatiounen, Statistiken, Live Stream vun de Matcher asw. gëtt et wei ëmmer ob www.dbbl.de

Leave your response!

You must be logged in to post a comment.