Home » Blog, NadiaMossong, Our guys abroad

Nadia’s Bundesliga Blog 12.12.11

12 December 2011 962 views No Comment


Nodeems mer an deene leschte Wochen 3 Matcher hannertenee verluer hunn war et sou lues un der Zäit fir mol rëm eng Kéier e Match ze gewannen. Samschdes Owes hunn mer doheem an der 1/8 Final vun der Coupe géingt Wolfenbüttel gespillt géingt déi mer virun zwou Wochen nach knapps am Championnat verluer haten. Anescht wei soss waren erstaunlech wéineg Leit an der Haal. Nëmmen 150 am Ganzen am Verglach zu deene 600 déi mer normalerweis hunn. Ass awer lo schwéier fir mech ze beuerteele wat de Grond dofir ass. Et kéint sinn well mer normalerweis Sonndes Nomëttes spillen an net Samschdes Owes, oder well d’Leit sech manner fir d’Coupe interesséiere wei fir de Championnat, oder einfach well mer an der läscht net sou gutt gespillt hunn an doduerch Zuschauer verluer hunn.
Mee egal wat de Grond war, mir haten nach eng Rechnung mat Wolfenbüttel op a wollten eisem Negativ-Trend en Enn setzen. Nodeems sech d’Hektik aus der Ufanksphase bësse geluecht hat si mer ëmmer besser an de Match komm a konnten am 3. Véirel souguer eng Féierung vu bal 20 Punkte rausspillen. Am 4. Véirel hunn mer dunn net méi grad sou aggressiv gespillt, sinn direkt derfir bestrooft ginn an hunn d’Wildcats nach emol geféierlech no erukomme gelooss. Schlussendlech as et mat der Zäit awer net méi duergaange fir e Comeback an sou hu mer 68-60 gewonn a sinn soumat an 1/4 Final vum Pokal agezunn.

E Sonnde gëtt déi nächst Ronn vum Pokal ausgeloust, an ech sinn scho ganz gespaant géingt ween mer fale wäerten. Vun deenen 8 Equipen déi nach am Renne sinn, sinn och dräi Equipen aus der 2. Bundesliga. D’Coupe huet jo bekanntlech hier eege Gesetzer, mee mat e bësse Chance kéint ee villäicht géingt eng vun deene falen an sou dem Pokal Final Four e ganzt Stéck méi no kommen. Mee, daat sinn lo natierlech alles Spekulatiounen an e Sonnde gesi mer da wuel reicht wou mer drun sinn.

Well de Match weigesoot ausnahmsweis Samschdes war, hat de Manager vun eiser Equipe fir nom Match eng kleng Soirée fir eis ganz Equipe organiséiert. Um halwer 12 hu mer eis all am “Mondflug” getraff, eng Disco/Club am Zentrum vun Osnabrück. Ech muss soen, ech war scho bëssen iwwerrascht wou ech puer Deeg virdru vum Coach gesot krut dass mir als Equipe mam Manager zesummen erausgoe “missten”. Ob alle Fall waren net schrecklech vill Leit do wou mer komm sinn, mee dat huet eis usech awer net vill gesteiert well mer eng grouss Grupp vu Leit waren. An sou sollt et den Ufank vun engem flotten Owend ginn.

Méi wichteg wei de gewonnene Coupe-Match laeschte Weekend ass awer natierlech de Championnat. Als Opsteiger sti mer momentan mat 5 gewonnene Matcher, a 5 Néierlagen do. Usech net schlecht, awer och net extra gutt. Dofir wier et wichteg lo nach mindestens ee vun deenen nächsten 2 Matcher virun der Chrëschtvakanz ze gewannen. Einfach gëtt dat sécherlech net, schonn alleng well et béides Auswäertsmatcher sinn. E Samschde geet da mol ob Marburg déi momentan Tabellendrëtte sinn…
Weider Informatiounen, Statistiken, Live Stream vun de Matcher asw. gëtt et wei ëmmer ob www.dbbl.de

Leave your response!

You must be logged in to post a comment.